Aktioun “Gielt Band” – Uebst plécken, Gaspillage evitéieren

Home News Beiträge Aktioun “Gielt Band” – Uebst plécken, Gaspillage evitéieren
Aktioun “Gielt Band” – Uebst plécken, Gaspillage evitéieren

Aktioun “Gielt Band” – Uebst plécken, Gaspillage evitéieren

Copyright Text & Fotos: A.C. Schuttrange Aus der Praxis 8 Oktober 2025

Am Summer huet d’Gemeng Schëtter nees op d’Aktioun „Gielt Band“ opmierksam gemaach.

Op verschiddene Plazen uechter d’Gemeng konnt gratis Uebst vun de Beem gepléckt ginn, déi mat engem giele Band markéiert waren. Zur Verfügung stoungen 10 Beem an der Schlassgewan (Rue Principale & Rue d’Oetrange) souwéi 3 Beem am Bongert nieft dem Kierchepad.

Mat dëser Initiativ wollt d’Gemeng net nëmme géint Gaspillage virgoen, mee och d’Awunner motivéieren, regional a saisonal Friichte fir Kompott, Gebeess, Taarten oder frësche Jus ze benotzen.

D’Resonanz war positiv a mir hoffen, dass och an Zukunft nees vill Leit vun dëser Aktioun Gebrauch maache wäerten.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :