Mer wéilten allen Klima-Bündnis Delegéierten elo scho Bescheed soen, dat eis nächst Plénière de Méindeg 8. Dezember ab 18.30 zu Koplescht am Kulturhaus wäert statt fannen. Wgl. elo scho fest opschreiwen, et ass wierklech wichteg dat do vill Gemengen vertrueden sinn.
Dat ass en aussergewéinlech spéiden Termin fir eis Plénière, ma dat erkläert sech doduerch, dat den Ament nach vill Gespréicher a Prozesser lafen, déi d’zukünfteg Struktur vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg betreffen, a mer dowéinst – an Ofsprooch a mam Accord vun der CC – e spéiden Termin festgehalen hunn, an der Hoffnung, dat sech bis dohinner nach deen een oder aneren Punkt kläre léisst.
Well wéi Dir wësst, gouf am November 2024 op eiser Plénière jo eestëmmeg decidéiert, fir a Richtung Klima-Bündnis Lëtzebuerg asbl ze goen, mat de Gemengen als Memberen “en nom propre”. Leider huet den Intérieur eis duerno wësse gedoen, dat esou eng Struktur net am Gemengegesetz virgesinn ass, also dat Gemengen selwer Member an enger asbl sinn. Dat obwuel et dat iwwer Land x-mol scho gëtt, z.B. am Tourismus, der Insertion à l’emploi, de Maisons relais etc., deels souguer op Bedreiwen vun de kompetenten Ministèren.
Iwwer Ëmweeër si mer awer gewuer ginn, dat den Intérieur iwwert eng Reform vum Gemengegesetz nodenkt, eben fir d’Situatioun ze berengegen. A wéi den Zoufall et esou wëll, ass grad e Projet de loi an der Prozedur, deen eben d’Gemengegesetz iwwerschafft. Via e Bréif un de Minister an un d’Chamberskommissioun hu mer drop higewisen, dat dësen Projet de loi eng gudd Geleeënheet wier, fir déi legal Gesetzgebung séier der Realitéit unzepassen. Mer hoffen, dat dëse Virschlag opgegraff gëtt.
En attendant, a well mer net wëssen op dat esou geet oder net – a wa Jo wéini – preparéieren mer natierlech weider den „Plan B“, dee mer och am November ugeschwat haten. Also eng „Tëschestuf“, wou net d’Gemengen „en nom propre“ d‘Memberen vun enger Klima-Bündnis Lëtzebuerg asbl wieren, ma hier Delegéiert als „personnes physiques“. Dat ass net dat, wat mer eis wënschen, an géif e komplizéierten Parallelismus tëscht besteeënder Konventioun an neier ASBL bedéngen, ma leider hu mer wuel kee Choix, soulaang den Intérieur op senger Interpretatioun vum Gemengegesetz festhält.
Mer halen Iech weider au courant natierlech, ma virop wgl. den Termin vum 8. Dezember am Agenda blockéieren fir eis Plénière, do gëtt et bestëmmt genuch ze diskutéieren an ze decidéieren, dofir wichteg dat vun all Gemenge en Vertrieder do ass.
Merci am viraus

