Beim Projet „Ici commence la mer“ geet et dorëms, eng Sensibiliséierungscampagne géingt den Offall ze lancéieren. Dës soll de Bierger drop hiweisen, dass alles wat een an de Gulli geheit iergendwann am Mier lant.
Des Campagne steet also voll am Geescht vum Gewässerschutz an allem wat mat dem Kreeslaf ze dinn huet. An deem Sënn gëtt och de Mikroplastik ugeschwat. Deen ass jo eng reell Bedreeung vir Déieren an Ëmwelt an deementspriechend och vir de Mënsch, well en Fleesch oder Fësch konsuméiert déi deelweis scho Mikroplastik enthalen.