Stop Plastik
Vum 4. – 9. Mäerz 2019 hat d’Gemeng Suessem op hir traditionell Ëmweltwoch ënnert dem Thema “Stop Plastik” an den Artikuss op Zolwer invitéiert.
Di ganz Woch iwwer waren Workshopen a Konferenzen souwuel fir d’Schoulkanner, d’Awunner, d’Léierpersonal an d’Veräiner um Programm. Informatiounsstänn hunn engersäits op d’Problematik vun der Vermüllung higewisen, awer och gutt Beispiller wéi den Eewee Plastik kann duerch nohalteg Artikelen ersat ginn.
Samschdes um Familljendag huet souwuel e Repair Café wéi och e Free your Stuff gebrauchte Géigestänn en 2. Liewen erméiglecht.
https://www.suessem.lu/fr/galerie/semaine-de-lenvironnement-stop-plastik/