Alles op de Vëlo am Waarkdall huet et beim 2. # Bike4all geheescht, den vun de Gemengen Feelen a Mäerzeg, a Kooperatioun mat de Kommissiounen Ëmwelt & Mobilitéit Feelen an Event & Green Mäerzeg den 20. September 2020 am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch an dem Tour du Duerf organiséiert gouf.
Foto Christianne Mergen, Feulen
Et war dëst Joer eng „light edition“ aus de bekannte Grënn. Ganz vill Familljen mat ville klenge Kanner hu vun dem autofräien Dag profitéiert fir teschend deenen 2 Uertschaften mam Vëlo oder ze Fouss ënnerwee zesinn.
Fir déi zwou Gemengen ass et dat beschten Argument fir am zoustännege Ministère „Drock“ ze maache fir aus der Vëlospist PC25 „Atert-Waark“ wéi se zënter 2015 gesetzlech verankert ass, och eng Prioritéit ze maachen. Déi geplangt PC25 féiert vun Useldeng iwwert Mäerzeg op Nidderfeelen, mat Uschlëss un d‘PC12, PC16 et PC19 (Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux).
Di zwou Gemengen freeë sech drop Iech all bei der 3. Editioun dat nächst Joer rëm ze gesinn.