Während 2 Wochen am Mäerz war de Festsall vun de Gemeng Suessem an en indescht Duerf verwandelt. Des interaktiv Ausstellung mat villen authenteschen Objeten huet et erméiglecht en Abléck ze ginn an deeglecht Liewen an Indien, souwuel an den Dierfer wéi an de Stied.
Zil vun der Ausstellung war et den Alldag vun engem Kand an Indien kennen ze léieren an duerch de Verglach mat eiser Liewenswelt zu Lëtzebuerg d’Zesummenhäng tëschent Nord a Süd ze verstoen, d’Interesse fir aner Kulturen unzekuerbelen, de Fairen Handel ze entdecken asw. D’Zilgrupp waren d’Grondschüler aus den Zyklen 3.1 bis 4.2.