Klimapaktcheck Gemeng Suessem

Home News Beiträge Klimapaktcheck Gemeng Suessem
Klimapaktcheck Gemeng Suessem

Klimapaktcheck Gemeng Suessem

David Hengen/A.C. Sanem Aus der Praxis 7 März 2023

Am November 2022 huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem séin Accord ginn fir dass all extraordinäre Projet oder Uschafung de Klimapacktcheck duerchlafen muss. Dozou gëtt de Projet un den Emweltbüro geschéckt, deen dessen dann iwwerpréift. Aktuell gëtt dat mam gratis Tool vum Klimabündnis gemaach.

SE Terrasse Container Matgesfeld

Dat ass keng grouss a laangwiereg Kontroll mä wei de Numm et seet en Check a Punkto Nohaltegkeet vum Projet. En Tool deen net weider komplizéiert ass awer déi wichtegst Froen stellt. Ziel ass et Greenwashing ze vermeiden, well jo mëttlerweil all Produkt nohalteg ass. Hei kann den Emweltbüro an Hand vum Tool beroden.

Fir de Gemengerot ass et de Virdeel dass e kann sécher sinn dass de Projet op seng Nohaltegkeet hin iwwerpréift ginn ass. An der leschter Gemengerotssëtzung vum Joer 2022 war deemno de Klimapaktcheck Bestanddeel vun den extraordinären Projeten déi gestëmmt goufen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :