De Mierscher Gemeinschaftsgaart huet e neie Projet fir hiren Gaart an der Gousseldenger Strooss ausgeschafft.
Sonndes, den 4. Dezember 2022 goufen, zesummen mam Coin de Terre vu Miersch, dem Center for Ecological Learning (CELL) an der Mierscher Gemeng, Beem, Straicher an Hecken geplanzt fir en Bëschgaart ze aménagéieren.
Konzept vum Bëschgaart ass et d ‘Virdeeler vun den Beem- an Hecken-Strukturen ze notzen fir d ‘Geméis besser ze schützen an un den Klimawandel un ze passen.