Opgrond vun ëmmer méi Dreck dee laanscht d’Stroosse geheit gëtt, lancéiert d’Gemeng Schëtter d’”Littering” Campagne déi an Zesummenaarbecht vum “Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable” an der “Emweltberodung Lëtzebuerg asbl“ an d’Liewe geruff ginn ass.
D’Autoschauffere gi mat Panneauen déi laanscht verschidde Schëtter Stroossen opgestallt ginn, drop opmierksam gemaach wéi eng Konsequenzen den Dreck deen an d’ Natur geheit gëtt kann hunn.
Mir biede jiddereen sech ëm säin Dreck ze këmmeren an aus Respekt vun der Natur an eise Matbierger säin Offall richteg ze entsuergen.