Guide vun der Offallgestioun fir d’ Gemengeverwaltung vu Schëtter

Home News Beiträge Guide vun der Offallgestioun fir d’ Gemengeverwaltung vu Schëtter
Guide vun der Offallgestioun fir d’ Gemengeverwaltung vu Schëtter

Guide vun der Offallgestioun fir d’ Gemengeverwaltung vu Schëtter

Daniel Flies, A.C. Schuttrange Mitgliedsgemeinden 7 Juli 2020

D’ Gemengeverwaltung wëll konsequent Offall vermeiden, weiderverwenden a wann näischt méi méiglech ass recycléieren. Der “Economie circulaire” gëtt dobäi Rechnung gedroen. Dofir huet all Mataarbechter vun der Gemengeverwaltung ee Guide kritt fir ze weise wéi dat konkret a richteg kann ëmgesat ginn.

Nei Poubelle sinn installéiert ginn, an et ass och eng Recyclingzentral am Verwaltungsgebai aménagéiert ginn, wou d’ Stoffer propper a richteg kënne getrennt ginn. De Responsabele vun der Offallgestioun ka fir all Fro kontaktéiert ginn.

Domat droe mir als Gemeng net nëmmen dozou bäi manner Offall ze produzéieren a besser ze recycléieren, mee och manner CO2 auszestoussen, manner Transport ze generéieren a manner Ressourcen ze verbrauchen.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :