En Dënschden, den 24. Mee 2016 huet Emweltberodung Lëtzebuerg zesummen mat der Gemeng Miersch den nationalen „sans pesticides“ demo-day organiséiert. Op dësem Dag gouf den Participanten net nëmmen dreschen Theorie vermëttelt, mee deen gréissten Deel vun der Zäit huet sech alles em déi ökologesch Onkrautbekämpfungsmaschinen gedréint, déi ouni Pestizidien auskommen.
D’Gemeng Miersch ass houfreg dass och deen zweeten nationalen “sans pesticides” demo-day zu Miersch organiséiert gouf. Zou dem konnt een ënnert deenen villen an ënnerschiddlechen Maschinnen och eng Maschinn vun der Gemeng Miersch rëm fannen. D’Gemeng Miersch ass säit e puer Joer amgaang hier Onkrautbekämpfung op méi eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Aart an Weis em ze stellen. Dohier goufen deementspriechend Investitiounen an néi Technologien getätegt.