Op Wonsch vum Schäfferot, fir am Joer 100 Beem an der Gemeng ze planzen, huet d’Gemeng Nidderaanwen hiert Zil fir 2024 erreecht. Niewent der Verbesserung vun der Loftqualitéit an der Verréngerung vun Hëtztinselen, hunn d’Beem ee positiven Afloss op eis Déieren. Zousätzlech dozou ginn op Initiativ vun de Membere vum Naturteam, sou wéi dem Fierschter- a Gäertnerdéngscht fir d’Joer 2025 e puer flott Iddie fir d’Verschéinerung vun der Natur ausgeschafft. Dës Aktioune ginn zesumme mat der biologescher Statioun vum SIAS an dem Gemengepersonal geplangt. Zu deenen Aktioune gëllen zousätzlech zu den 100 Beem:
- Planze vun Uebstbeem a Straicher op verschiddene Spillplazen a laanscht Weeër,
- Uleeë vu Blummewisen,
- Uleeë vu Steekéip fir Reptilien,
- Opriichte vu Liewenstierm fir Insekten
- Restrukturéierung vun ëffentleche Fläche fir d’Verbesserung vun der Biodiversitéit