Schëffleng – E grousse Schratt a Richtung Klimaneutralitéit

Home News Beiträge Schëffleng – E grousse Schratt a Richtung Klimaneutralitéit
Schëffleng – E grousse Schratt a Richtung Klimaneutralitéit

Schëffleng – E grousse Schratt a Richtung Klimaneutralitéit

A.C. Schifflange Aus der Praxis 28 Januar 2025

Wat viru méi wéi 25 Joer als Wäermenetz op Gasbasis ugefaangen huet, gëtt elo zu engem Virbildprojet fir eng nohalteg urban Wäermeversuergung zu Lëtzebuerg. D’Gemeng Schëffleng schafft drun hir zentral Wäermeversuergung op eng innovativ CO2-Wäermepompel vu 600 Kilowatt ëmzerëschten, déi ronn 70 bis 80 Prozent vum Hëtzbesoin am Joer wäert decken. Domat gëtt e wichtege Bäitrag zur Reduktioun vum CO2 geleescht.

Konkret ginn am Wäermenetz pro Joer ëm 6.000.000 kWh Wäermt verbraucht. D’Ëmstellung op d’CO2-Wäermepompel soll de gréissten Deel dovun ofdecken. Ronn 4.500.000 kWh u fossillem Gas ginn doduerch all Joer agespuert. Dat entsprécht ronn 900 Tonnen CO2, déi all Joer manner an d’Atmosphär ausgestouss ginn.

Den Numm CO2-Wäermepompel kënnt doduerch, datt se dat natierlecht Gas CO2 als Aarbechtsmëttel hëlt ouni Ozonofbaupotenzialer wéi eng normal Wäermepompel.

Um Wäermenetz si vill verschidde Gebaier ugeschloss: vu Gemengegebaier wéi d’Gemengenhaus selwer, d’Sportshal mat der Schwämm, d‘Lydie Schmit Schoul bis hin zum Logement abordable a grouss privat Residencen. Dëse Projet ass e weidere grousse Schratt fir Schëffleng zur Klimaneutralitéit a weist, wéi mat moderner Technologie en nohaltegt Zukunftsbild fir jidderee geschaf ka ginn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :