Carole Reckinger: Wat ass dann elo genau eng « Transition juste »?
Caritas huet scho lescht Joer hir Walrecommandatiounen eraus bruecht. Mir maache mam Carole Reckinger eng Analys iwwert d’Walcampagne vun dësem Joer. Wéi eng Theme goufe beschwat a wéi eng net? Wat fir eng Roll huet Migratioun a Kooperatiounspolitik an de Walprogrammer gespillt? Wéi plangen déi verschidde Parteien d’Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen a wat heescht et aarm ze sinn?
Wéi gestalte mer déi ominéis « Transition juste »?
Mir maachen och e klenge Staminee. D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch.