Schatzkëscht Vide-grenier

Home News Beiträge Schatzkëscht Vide-grenier
Schatzkëscht Vide-grenier

Schatzkëscht Vide-grenier

Aline Wirtgen / AC Strassen Aus der Praxis 25 Juni 2023

De 25. Juni huet d’Gemeng Stroossen och dëst Joer erëm op Initiative vun hirem Klimateam e Vide-grenier organiséiert.

Et war awer keen Vide-grenier wéi déi Joren virdrun, mee ë gouf fir d’éischte Kéier am Parc de l’Indépendance nieft dem Gemengenhaus organiséiert. An flotter Ambiance hunn 30 Verkeefer am gréngen hir Wuer ausgestallt; wat déi eng net méi doheem gebrauchen kënnen, konnt eise sëllegen Visiteuren dofir eng Freed maachen.

Nieft dem Repair Café, deen mëttlerweil reegelméisseg an der Gemeng organiséiert gëtt, ass de Vide-grenier eng flott an vrun allem nohalteg Initiativ fir onbenotzten Géigestänn en zweet Liewen ze schenken.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :