Den 25. Oktober 2025 hunn d’Awunner vu Gonnereng dem Reen getrotzt an d’Stiwwelen ausgepak, fir zesummen en neien Tiny Forest unzeplanzen. Op der fréierer Spillplaz tëschent der Cité Joseph Bech an der rue de l’Eglise ass an nëmmen e puer Stonnen e klenge Bësch entstanen.
Mat vill Engagement a gudder Laun hunn ronn 50 Leit, Grouss a Kleng, aktiv mat ugepaakt. Zesumme goufen 2550 Beem a Sträicher gepflanzt. D’Participante kruten Erklärungen iwwert d’Konzept vum Tiny Forest, dat dorop ofzielt, op klenge Flächen eng grouss Biodiversitéit ze schafen. Esou Mini-Bëscher bidden net nëmmen Insekten a Villercher en neie Liewensraum, mee droen och dozou bäi, d’Loftqualitéit ze verbesseren an d’Ëmwelt ze schützen.
De Projet ass en weidere wichtege Schrëtt vun der Gemeng Jonglënster, fir d’Natur an d’Biodiversitéit lokal ze fërderen. Nieft dem ekologesche Wäert stäerkt esou eng Aktioun och de Gemeinschaftsgeescht, well si d’Awunner zesummebréngt an hinnen d’Méiglechkeet gëtt, aktiv un enger nohalteger Zukunft matzewierken.
An de kommende Joren wäert de klenge Bësch sech weider entwéckelen a wuessen, fir esou zu engem natierleche Réckzuchsraum fir Mënsch an Déier ze ginn.

