Eisen neien Mataarbechter Cédric stellt sech vir

Home News Beiträge Eisen neien Mataarbechter Cédric stellt sech vir
Eisen neien Mataarbechter Cédric stellt sech vir

Eisen neien Mataarbechter Cédric stellt sech vir

Klima-Bündnis Lëtzebuerg / ASTM Gemeinden 9 Juli 2020

Mäin Numm ass Cedric Reichel, gebiertegen Rëmelenger an zënter Mäerz neien Mataarbechter bei ASTM als Nofollger vum Dietmar Mirkes an domat Referent fir Klima-Bündnis-Gemengen.

No menger Premiere am Escher Jongelycée sinn ech fir meng Studien an der interkultureller Kommunikatioun op Hildesheim an Däitschland gaangen. Dono war ech laang Joren berufflech an Mexiko, Indien, Usbekistan, Armenien an an der Ukrain aktiv. 2019 sinn ech zeréck op Lëtzebuerg komm, hunn nach en zweeten Studium an der Mediatioun an am Konfliktmanagement gemaach an freeën mech lo op meng Aarbecht mat der ASTM a mam Klima-Bündnis.

Leider konnt ech déi meeschten vun iech nach net live kenneléieren an dëst wäert och weiderhin just iwwert Online-Konferenzen méiglech sinn. Wann dier awer scho Iddien an Pläng fir no September hutt, stinn ech iech gären zur Verfügung fir zesummen iwwer Projeten nozedenken.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :