Den 19. September gouf dat éischt Wandrad vum „Wandpark Nordenergie“ offiziell ageweit. Bei dësem Wandrad handelt et sech ëm de Modell E-138 EP3 vum Produzent Enercon, eng Installatioun vun der neister Generatioun. Dëst huet eng „Nabenhöhe“ vun 160 m, ee Rotorduerchmiesser vun 138 m an eng Leeschtung vu 4,26 MW.
Dëst Wandrad produzéiert ongeféier 8,3 GWh Stroum am Joer. Dëst entsprécht circa 20 % vum gesamte Stroumverbrauch um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck a esouguer circa 250 % vum Stroumverbrauch vun de Gebaier vun der Gemeng.
Zesumme mat de Photovoltaikanlagen an dem Waasserkraaftwierk ginn 10,73 GWh nohaltege Stroum pro Joer um Territoire vun der Gemeng produzéiert. Dëst entsprieche bal 85 % vum gesamte Stroumverbrauch vun allen Haushalter, respektiv 25 % vum gesamte Stroumverbrauch.