De Méinden, 15. Juni, hu mir de Premierminister, Här Luc Frieden, bei eis an der Gemeng dierfe Wëllkomm heeschen.
Wärend dem éischten Deel vun der Visitt, hunn de Schäfferot, a Presenz vu Membere vum Gemengerot, d’Energietransitiounspolitik vun der Gemeng Nidderaanwen virgestallt, dëst mat de respektiven Ziler fir d’Klimaneutralitéit ze erreeschen, der néideger Ëmsetzungsstrategie an der Biergerparticipatioun ënnert dem Motto „Nidderaanwen zesumme virubréngen“.
Fir den zweeten Deel vun der Visitt goung et bei ee konkrete PV-Projet, dem ,,Carport Solarpark Niederanven“, deen zesumme mat Enovos feierlech ageweit an a Betrib geholl ginn ass.

