D’Energie-, Ëmwelt– a Klimakommissioun an d’Sport– a Kulturkommissioun aus der Stauséigemeng hun am Kader vun der „Semaine de la mobilité“ den 18. September 2016 fir zweet den „Dag vun der doucer Mobilitéit an der Stauséigemeng“ organiséiert.
Fir datt all Participanten ouni Risiko desen Dag genéiße konnten, ass vun 10 bis 17 Auer d’Nationale N26 tëschent Béiwen an der Staumauer bei Léifreg fir den Autoverkéier gespaart gin.
Déi éischt begeeschtert Vëlofuerer si moies bei frëschen Temperaturen déi 5 km laang Streck ugaangen. Géint Mëtteg huet d’Sonn hir opwiermend Strahlen durch d’Woleke geschlo a vill Leit hun sech et nët huele geloss, fir ze Fouss oder um Vëlo fläisseg Kilometeren ze sammelen.
Géint den Honger an den Duuscht hun d’Pompjëen vun der Stauséigemeng (SISBA) um Parking op der Béiwenersäit eppes vum Grill an Gedrénks prett gehat. Als kleng Stärkung zwëschendurch oder als Dessert gouf et Äppel aus der Groußregioun a Bananen aus dem fairen Handel, iwer deen en sech iwer Flyer oder Pouster informéiere konnt. Eppes ze dénken gouf et och op halwem Wee hannert der Staumauer bei Léifreg.
All Kilometer vun deenen insgesamt 108 Participanten – um Vëlo oder ze Fouss – ass op dem Internetsite www.tourduduerf.lu fir eis Gemeng bilancéiert gin. Um Enn vum Dag sin sou 1102 km zesummekomm; 350 méi wéi 2015. All Respekt! Ënnert all de Participant’en sin de selwechten Dag nach dräi Präisser ausgeloust gin.
Nirwt dëser Aktioun hun sech nach vill Amateuren an deenen dräi Wochen vun der „Semaine de la mobilité“ um Internetsite ugemellt an hun sech geziilt fir de Klimaschutz an fir hir Gesondheet agesat. Insgesamt ass um Enn fir d’Stauséigemeng eng respektabel Distanz vun 1327 km zesumme komm.
Mir soen dem Service Technique vun der Stauséigemeng an deenen villen fläissegen Hänn e grousse MERCI fir hir Ënnerstëtzung.