Expo – Konsum Monsun zu Jonglënster

Home News Beiträge Expo – Konsum Monsun zu Jonglënster
Expo – Konsum Monsun zu Jonglënster

Expo – Konsum Monsun zu Jonglënster

Jean BODEN – Gemengerot Jonglënster Aus der Praxis 30 Januar 2018

Den 30. Januar war de Vernissage vun enger ganz interessanter Expo am Recycling Center vu Jonglënster. Ënnert dem Motto: Méi recycléieren, bewosst konsuméiere. Wéi kritt een d’Leit dozou méi ze recycléieren a méi bewosst ze konsuméieren? ass d’Ausstellung ‚KONSUM MONSUN‘ dem Public presentéiert ginn.

D’Messagë vu ganz verschiddene Verhalensweise sinn hei op 10 groussen Holzfiguren, déi vum CIGR Syrdall hiergestallt gi sinn, mat Plaquettë fixéiert ginn. Op deenen zwou Säite vun der Figur kann een hei kuerz a knackeg Verhalensreegele liese vu ganz ënnerschiddleche Sujeten. Eng Kéier, den Ist-Zoustand an op där anerer Säit da Proposen, wéi et och anescht geet, an zwar méi nohalteg. Dës Messagë betreffe ganz ënnerschiddlech Sujeten, wéi z.b. onse Konsum vu Produkter op Aluminiumsbasis mat all deene problemateschen Impakter op ons Ëmwelt, respektiv dann Alternativen, wéi z.b. amplaz Verpackungen ze kafe wou Aluminium dra verschafft ass, hei Verpackungen aus Glas ze notzen…

Op all Figur ass hei een anere Message. Dës 10 Holzfigure stellen elo och eng Wanderausstellung duer, déi vum 1. Februar bis den 11. Mäerz op den Busarrêten an all den Uertschafte vun der Gemeng Jonglënster opgestallt ginn, fir heimat esou vill wéi méiglech Leit hei drop opmierksam ze maachen. Hei rotéiere se och reegelméisseg, esou datt all Figur op mannst eng Kéier e puer Deeg op all Busarrêt soll stoe kommen. Heimat sollen dann d’Leit sensibiliséiert ginn an zum Nodenken ugereegt ginn, an domat och zu engem Iwwerdenke vu verschiddene Verhalensmuster ugereegt ginn.

Dës Holzfigure stellen d’Müllsammler vun Deli (Indien) duer, déi sech hire Liewensënnerhalt op de Mülldeponië musse verdéngen, an deem se alles wat nach verwäert ka ginn, hei asammele ginn. D’ASTM schafft hei säit 1999 mat der Organisatioun CHINTAN zesumme fir d’Liewensbedingunge vun dëse Leit ze verbesseren. Den Erléis vun onsen Aktiounen, déi sech heiraus erginn, wäerte mir dann och CHINTAN zoukomme loossen.

D’Gemenge Contern a Sandweiler hu schonn Interessi gewise fir dës Wanderausstellung och bei hinnen ze presentéieren. Och d’EU Parlament huet Interessi ugemellt a wëllt d’Ausstellung an hire Gebaier zu Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg weisen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :