Den 29. März am Centre Culturel zu Hielem.
Vun 10h30 un Amazonas – Brunch mat fair gehandelte Produiten a Spezialitéiten aus dem Amazonas a vun hei: Kaffi – Croissant a co, Jus, kalen a warme Buffet, Dessert …
Präis vum Brunch: 20 € (10€ fir Kanner bis 12 Joer)
Umeldung bis den 22.03.09 um Tel. 333272 (Kirsch Marguy) oder 339031 (Kemp Pierrette).
D’Iwwerweisung gëlt als definitif Umeldung, Konto vum Club Uelzechtdall CCPL: IBAN LU04 1111 1904 4635 0000 mam Vermierk: Amazonas-Brunch / Numm a Virnumm
Um 11h30 Optrëtt vum Kannertheater aus der Gemeng Luerenzweiler ënnert der Leedung vum Christine Reinhold, um 14h30 „Kaffispaus an den Anden oder den aanere Peru“, eng Biller – Rees mam Sandro Luci. De ganzen Dag: Cocktail Bar „An der Sonn“; Gesiichtsmolerei; Faire Kaffi a Kuch; Bicher a Lieseck „Am Reebësch“; Ausstellung vun den Aarbechten vun de Schoulkanner; Verkaafststand vu Produiten aus dem Amazonas (Weltbutteker.lu).
Den Erléiss vum Fest geet integral un de Projet „Frente de Defensa de la Amazonia“.