Neue Hackschnitzelanlage in Beckerich

Home News Beiträge Neue Hackschnitzelanlage in Beckerich

Neue Hackschnitzelanlage in Beckerich

Klima-Bündnis Lëtzebuerg Beckerich 1 Juli 2008

Zu Biekerich gët zur Zäit eng Holzhackschnitzelanlag vun 2 MW opgericht, fir Hëtzt an eent Fernwärmenetz an ze speisen wat nit nëmmen Gemengeneegen Gebeier oder Betrieber beliwert, mee och eng ganz Rei Privathaushalter.

De Succès vum Fernwärmenetz ass esou grouss, dass déi zentral Biogasanlag (eng Kooperativ vun 19 Baueren) nit méi genuch Hëtzt liweren kenn, fir all Client unzeschléissen. Mëttlerweil hun ongeféier 140 Privathaushalter een Wärmeliwervertrag ënnerschriwen, vun denen 40 Steck och schons vun dir praktischer an emweltfrëndlicher Hëtzt profitéieren.

Aus dësem Grond huet de Gemengerot decidéiert, fir parallel zu der Biogas nach eng Holzheizung opzerichten. D’Arbichten lafen a vollen Zuch virun, an wann alles weiderhin esou gut klappt wéi bis elo, dann leen mir den Fixspoun den 1. Oktober an den Uewen fir dass et den Leit an der Biekericher Gemeng den nächsten Wanter och ouni Mazout nit kal gëtt.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :