Technikerforum vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg
am Oekozenter Pafendall – 16.ten Oktober um 14.00 Auer
SMART GRIDS zu Lëtzebuerg
Wat ass geplangt, wat bedeit et fir d’Gemengen?
Vill gouf a gëtt iwwert déi sougenannten Smart Grids – clever Stroum- a Gasnetzer – geschwat. Mat hinnen soll an Zukunft den Energiebedarf besser gesteiert, sollen Erneierbar Energien méi liicht gespäichert kenne ginn. An Zukunft kinnt aus all Energiekonsument dank dëse neie Netzer och en Energieproduzent ginn. Wéiwäit ginn dës Iwwerleeungen zu Lëtzebuerg, wat sinn déi geplangten Etappen aus der Sicht vum Netzbedreiwer Creos?
A wat bedeit dëst fir d ‘Gemengen, z.B. fir d’Regelungstechnik vun de Gebaier oder och fir lokal Nahwärmenetzer?
Dozou huet eis den Här Robert GRAGLIA, Head of Smart Grids bei der CREOS, am Kader vum Technikerforum vum KB Lëtzebuerg e Virtrag gehaalen, deen elo online ass.