De Samschdeg den 18.6 huet den zweete Repair Café vun de SIAS-Gemengen zu Nidderaanwen statt fonnt.
Am Centre „A Schommesch“ zu Ueweraanwen hunn eng sëlleg Hobbyhandwierker gehollef fir déi verschiddenst Géigestänn ze flécken. Dat ganzt ass vun engem Fairtrade-Café accompagnéiert ginn, wou jidderee mat engem Stéck Kuch a Kaffi zerwéiert ginn ass.
Et goufe ronn 80% vun de 22 Géigestänn reparéiert. Niewent deene Läit, déi mat kapotte Géigestänn komm sinn, sinn och vill Läit komm gewiescht fir sech zum Repair Café ze informéieren.