Fliedermausfrëndlech Beliichtung zu Betzder

Home News Beiträge Fliedermausfrëndlech Beliichtung zu Betzder
Fliedermausfrëndlech Beliichtung zu Betzder

Fliedermausfrëndlech Beliichtung zu Betzder

A.C. Betzdorf/Behler Sam - copyright Foto: Steve Waldbillig Aus der Praxis 7 November 2022

D’Gemeng Betzder huet am Kader vun der Constructioun vun enger neier Spillplaz zu Olingen bei der Millen an der Renovatioun vum Café de l’Amérique en Wee amenagéiert deen béides verbënnt.

Dësen Wee féiert iwwert eng Baach wou eng kleng Bréck installéiert gouf. Den Hinkucker ass awer net Bréck oder den Wee selwer mee Beliichtung déi do installéiert gouf.

Et ass ganz spezifesch dorop opgepasst ginn, dass do Fliedermaus-frëndlech Luuchten installéiert goufen. Des hunn eng Temperatur vun 1000 Kelvin an liichten ganz rout.

En plus sinn Luuchten sensorgesteiert an aktivéieren sech just wann och Leit do laanscht ginn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :