Nodeems d’ Gemeng Schëtter am Joer 2017 mam VW e-Golf hiren éischten Elektroauto kaf huet, ass de Fuerpark an Tëschenzäit mat 2 VW e-UP!, engem Nissan e-NV200, engem Elektrovëlo an dësem Streetscooter vergréissert ginn, vun deem de Schäfferot vun der Schëtter Gemeng en Donneschdeg, den 31. Oktober 2019 d’ Schlësselen iwwerreecht kritt huet.
Als engagéiert Klimapakt- a Klimabündnisgemeng, well Schëtter och an Zukunft weiderhin op elektresch Mobilitéit setzen a soumat d’ Ëmwelt an d’ Natur schützen.
copyright Foto: Fotoclub Schëtter