Zu Schëtter geet déi éischt PV-Anlag vun der Enercoop Syrdall un d’Netz

Home News Beiträge Zu Schëtter geet déi éischt PV-Anlag vun der Enercoop Syrdall un d’Netz
Zu Schëtter geet déi éischt PV-Anlag vun der Enercoop Syrdall un d’Netz

Zu Schëtter geet déi éischt PV-Anlag vun der Enercoop Syrdall un d’Netz

Daniel Flies & Andy Weber - A.C. Schuttrange Aus der Praxis 13 Dezember 2019

D’Enercoop Syrdall ass 2019 gegrënnt gi mam Zil erneierbar Energie um Gebitt vun de Gemenge Schëtter, Conter, Sandweiler an Nidderaanwen  ze produzéieren an dat zesumme mat de Bierger aus de Gemengen.

D’Gemeng Schëtter huet am Kader vum Klimaschutz d’Demarchë vun der Kooperativ positiv ënnerstëtzt an déi néideg Hëllefsstellung ginn. An den Ae vun der Gemeng ass et wichteg d’Bierger an der Energietransitioun ze bedeelegen, well den Zesummenhalt d’Akzeptanz vun de Mesuren am Klimaschutz fördert. Eng Kooperativ kann duerch déi national Reglementatioun eng Aspeisevergütung fir méi grouss Anlage kréien, wat eng weider Motivatioun vun der Gemeng war d’Enercoop Syrdall ze ënnerstëtzen. D’Potenzial vun de Gemengendiecher ka soumadder wirtschaftlech besser ausgereizt ginn.

D’Enercoop Syrdall ass awer net op maximal Renditen agestallt, mee 1/3 vun de Recette ginn direkt erëm an nei Projete fir eng nohalteg Energieproduktioun investéiert. D’Gemeng huet duerfir der Enercoop Syrdall den Dach um Pavillon zur Verfügung gestallt. Et ass eng 30 kW Anlag installéiert ginn déi ca. 27.000 kWh grénge Stroum am Joer wäert produzéieren. Den 13. Dezember 2019 ass d’Anlag un d’Netz gaangen.

 

copyright Foto: Fotoclub Schëtter

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :