Schëtter investéiert a säin Energiemonitoringsystem

Home News Beiträge Schëtter investéiert a säin Energiemonitoringsystem
Schëtter investéiert a säin Energiemonitoringsystem

Schëtter investéiert a säin Energiemonitoringsystem

Andy Weber & Daniel Flies - A.C. Schuttrange Aus der Praxis 30 Januar 2020

D’Gemeng Schëtter huet säit 2017 een Energiemonitoringsystem fir hier Gebaier. Dëse gëtt kontinuéierlech verbessert an ausgebaut. Enn 2019 sinn insgesamt 15 nei Pompele mat Zähleren installéiert gi fir d’Consommatioune méi genau kennen ze erfaassen.

Insgesamt ginn 130 Elektro-, Wärmemengten- a Waasserzähler erfaasst a graphesch duergestallt. Nieft den Obligatioune fir den Energie- a Waasserverbrauch am Klimapakt ze tracéieren erméiglecht de System och d’Daten ze hunn fir d’Aktualiséierung vun Energiepäss. Ausserdeem kennen Onreegelméissegkeeten am Energie- a Waasserverbrauch mat engem Alarmsystem schnell entdeckt ginn, woubäi déi noutwenneg Schrëtt direkt kënnen ageleet ginn. Doduerch war et bis elo ënner anerem méiglech no enger detailléierter Analyse an Auswäertung den Heizenergiebedarf vum Schoulcampus signifikant z’optiméieren.

D’Moossnamen déi ëmgesat gi sinn hunn net nëmmen zu enger optiméierter Notzung vun der Energie an engem bessere Komfort an de Gebaier gefouert, mee och den Energieverbrauch an d’CO2-Emissioune reduzéiert a soumat och d’Energiekäschten. De System ass mëttlerweil a 24 Gemengegebaier  implementéiert.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :