Den 23. November 2021 an den 30. November 2021 huet d’Gemeng d’Kommissiounen aus der Gemeng op eng Presentatioun vum Klimapakt 2.0 an ee Workshop fir een neit Leitbild 2030 am Beräich vun der Nohaltegkeet invitéiert.
No interessanten Diskussioune sinn eng Rei Virschléi erauskomm déi analyséiert gi sinn a wouvun déi meescht och am Leitbild 2030 erëmzefanne wäerte sinn.
D’Gemeng seet de Kommissioune Merci fir hiert Engagement an hofft op eng weider flott Zesummenaarbecht am Sënn vun der Nohaltegkeet fir hiren Engagementer déi si op nationalem Niveau agaangen ass gerecht ze ginn.