Den 18. November 2021 sinn de Veräiner aus der Gemeng eng nei Nohaltegkeetscharta, nei Subsiden an den neien Online-tool fir Subsiden unzefroe presentéiert ginn.
D’Nohaltegkeetscharta gesäit verschidde Verflichtungen an de Beräicher Energieverbrauch, Waasserverbrauch, Offall, Mobilitéit, Akeef, Manifestatiounen, Organisatioun an der Sensibilisatioun vir, déi vun de Veräiner agehale musse ginn déi d’Charta ënnerschreiwen.
Déi nei Subside betreffen nohalteg Akeef a Greenevents, d’Critèrë vun de Greenevents sinn och virgestallt ginn an e ganze Koup Hëllefsstellungen déi d’Gemeng an deem Beräich kann ubidden.
Donieft ass och nach den neien Online-tool fir d’Subsiden unzefroe virgestallt ginn.
D’Gemeng hofft op eng weider flott Zesummenaarbecht mat de Veräiner am Sënn vun der Nohaltegkeet fir hiren Engagementer déi si op nationalem Niveau agaangen ass gerecht ze ginn.