„Aktioun Drecksak 2024“ zu Hesper

Home News Beiträge „Aktioun Drecksak 2024“ zu Hesper
„Aktioun Drecksak 2024“ zu Hesper

„Aktioun Drecksak 2024“ zu Hesper

Robert LEVEN, Präsident vun der Hesper Kommissioun fir Ëmwelt a Klima / Pic copyright AC Hesperange Aus der Praxis 16 März 2024

E Samschdeg, de 16. Mäerz treffen sech iwwer 200 Bierger a Biergerinnen am Centre de Jardinage zu Izeg fir d’Natur ze botzen. Et ass ewell déi 36. Editioun, déi vun der Hesper Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir Ëmwelt a Klima organiséiert gëtt.

Et gëtt vill Wäert op den Natur- a Klimaschutz geluecht, an an deem Sënn ass en och als «Green Event» zertifizéiert. Natierlech sinn den Oekocenter Hesper, d’Ekipp vum Jardinage an der Régie, wéi och eis Agents Minicipaux vun der Gemeng mat agebonnen. De Steve Zeimes an den Nico Felten si vun Ufank un derbäi an deelen d’Ekippen an.

Ouni dat grousst Engagement vun der Kommissioun fir d’Organisatioun an dem Support an der Gemeng mam neien Ëmweltschäffen Guy Wester géif et net goen. Nom Kaffi ginn d’Ekippen op verschidden Tier mat Bus a Camionnetten verdeelt a rafen den Dreck laanscht Weeër op. Ëmmerhin huet ons Gemeng eng Fläch vun 27 km2 mat 5 Uertschaften. Dat lescht Joer gouf esou e ganze Container voll Dreck gesammelt.

Famillje mat Kanner, Frënn, Veräiner, d’Guide a Scouten an d’Jugendhaus maache mat vill Begeeschterung mat a ginn domadder zousätzlech sensibiliséiert. All Kand kritt als Erënnerung en Diplom fir Merci ze soen.

Zanter de leschte Joren ass dësen Event och ëmmer méi international, e wichtegen Aspekt fir d’Zesummeliewen an onser Gemeng ze stäerken.

Nodeems den Dreck geraaft gouf, komme mer nees fir d’Mëttegiessen zesummen. Dëst als Merci fir d’Aarbecht déi geleescht gouf.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :