Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch eng sëlleg Aktiounen an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt, dat an enker Zesummenaarbecht mat der lokaler Ëmweltkommissioun. Gestart gouf Freideg Moien, wou d’ Memberen aus dem Gemengen- a Schäfferot op verschiddene Busarrêten un d’ Notzer vum ëffentlechen Transport, sou wéi bei de véier Linne vum PEDIBUS un d’ Schoulkanner, eng 250 Croissante mat Fairtrade-Schockela verdeelt hunn.
Mobilitéitswoch 2022 zu Nidderaanwen
16 September 2022












