KlimaPakt-Dag Juni 2022

Home News Beiträge KlimaPakt-Dag Juni 2022
KlimaPakt-Dag Juni 2022

KlimaPakt-Dag Juni 2022

Text: Pol Straus, KB Lëtzebuerg / Fotos: Klima-Agence Aus der Praxis 09 Juni 2022

Den 9.Juni huet zu Esch/Belval an der Maison du Savoir déi 10ten Éditioun vum KlimaPakt Dag stattfonnt.

Am Kader vun dëser Éditioun gouf an Workshopen besonneschen Fokus op d’Themen Circular Economy, Elektromobilitéit an Biergerbedeelung geluecht. Hei bestoung d’Méiglechkeet fir een flotten Austausch tëscht den Gemengen zur Kreeslaafwirschaft, Gérance vum kommunalen Fuhrpark an och den Assises climatiques, bei där d’Klima-Bündnis mat der Fresque du climat och schon zu Jonglënster an der Gemeng aktiv matbäigedroen huet.

Eng ganz Reih un Hëllefsmëtteln goufen virgestallt déi den Gemengen beim Handelen géint Klimakris kënnen eng Hëllef sinn.

Sou goufen am Beräich vun der Circular Economy Plattform „B-circular” virgestallt, am Beräich Elektromobilitéit soll demnächst den Outil „Pro Charging“ un den Départ goen, an den nationalen Wärmekataster gëtt ufanks Juli an engem Webinaire présenteiert.

Am Kader vun den Präsentatiounen vun den Partneren am KlimaPakt huet dann och Klima-Bündnis Lëtzebuerg dovun profiteiert, fir déi éischt Versioun vum KlimaPaktCheck virzestellen, deen am Laaf vum leschten Joer färdeggestallt gouf an op d’CO2-Bilanzeierung am Kader vum Klimapakt an Ecospeed Region opmierksam ze maachen.

Natierlech goufen och dës Kéier ness am Kader vum KlimaPakt-Dag eng Reih Gemengen, an dorënner och 4 Klima-Bündnis Gemengen zertifizeiert. Sou goufen d’Gemengen Lorentzweiler an Diddeleng an der Kategorie 2 zertifizéiert:

 

D‘Gemeng Suessem huet Zertifikatioun an der Kategorie 3 erreecht:

An d’Gemeng Schëffleng, als éischt Gemeng am KlimaPakt 2.0, gouf souguer mat der Zertifikatioun Gold ausgezeechent:

Eis Félicitatiounen un sie alleguer, fir hier Efforten!

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :