Réiser Mobilitéitswoch

Home News Beiträge Réiser Mobilitéitswoch
Réiser Mobilitéitswoch

Réiser Mobilitéitswoch

Max Klein- A.C. Roeser / Photos copyright Nadine Grein Aus der Praxis 16 September 2022

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch, hat d’Gemeng Réiser zesumme mam Club 50+ Eist Heem an der Gemeng Beetebuerg erëm e flotte Programm ronderëm d’Mobilitéit a virun allem der aktiver Mobilitéit organiséiert.

De 16. September hunn d’Leit aus dem Club 50+ Eist Heem en Tour mat Bus an Zuch duerch d’Lëtzebuerger Land gemaach.

Um Samschdeg, de 17. September hat d’Gemeng Réiser zesumme mat der Gemeng Beetebuerg zu Beetebuerg op der Kierchplaz e Vëlosoccasiounsmaart organiséiert. Deen Dag hu 35 Vëloen en neie Besëtzer fonnt a kruten esou en 2. Liewe geschenkt.

Am Laf vum Mëtteg war dann och nach een Repair Café. Hei konnte vu ronn 20 Apparater der 15 gefléckt ginn. De ganzen Dag iwwert konnt een sech awer och um Stand vun der Maison Relais vu Beetebuerg e Smoothie mixen an deem s een anstänneg an d’Pedalle gedréckt huet.

Méindes, den 19. September ass et weider gaange mat enger Konferenz, wou den David Everard, laang Joren de Coordinateur vun der Mobilitéitswoch hei zu Lëtzebuerg, op seng gewinnte locker a kuerzweileg Aart a Weis Denkustéiss zum Thema aktiv Mobilitéit ginn huet.

Den 20. an den 21. September war de Club 50+ Eist Heem emol zu Fouss ronderëm Nidderaanwen ënnerwee an emol mam Vëlo a Richtung Saarburg.

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch, haten d’Gemeng Réiser an d’Gemeng Beetebuerg erëm en Trëppeltour organiséiert. Zu Beetebuerg op der Gare ass et fort gaangen, laanscht de Beetebuerger Park bis op Peppeng an de Klouschtergaart. Am Klouschtergaart hate verschidde Produzenten aus der Regioun hire Stand opgeschloen an d’Leit konnten hei no Häerzensloscht Brout, Geméis, Gebeess, Gromperen oder Fleesch schmaachen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :