Dagdeeglechen Kampf géint de Verloscht vun der Biodiversitéit zu Schëffleng !

Home News Beiträge Dagdeeglechen Kampf géint de Verloscht vun der Biodiversitéit zu Schëffleng !
Dagdeeglechen Kampf géint de Verloscht vun der Biodiversitéit zu Schëffleng !

Dagdeeglechen Kampf géint de Verloscht vun der Biodiversitéit zu Schëffleng !

Marc Bimmermann, A.C. Schifflange Aus der Praxis 3 Februar 2020

Wéi gewinnt versicht d’ Gemeng Schëffleng mat villen Aktiounen dem Verloscht vun der Biodiversitéit entgéint ze wierken.

Nieft eisen Hochbeeter, déi mer am ganzen Duerf opgeriicht hunn, dem regelméissegen Planzen vu Beem a Straicher, dem Opriichten vun Insektenhoteler, dem Uleeën vun Kraider- a Léiergäert, dem kontinuéierlechem Ausbau vun eisem “Urban Gardening” Projet an eisem Bongert hu mer viru kuerzen mat Hëllef an tatkräfteger Ënnerstëtzung vum SICONA Sud-Ost e weidere Weier tëschent dem  Naturschutzgebitt “am Brill” an eisem fir d’Ëffentlechkeet zougänglechen Kraiderguart a Bongert “in den Hedinger Strachen” ugeluet.

Interessant ass och ze bemierken datt am Kader vum PAP iwwert den Ausbau vun eisen Gemengenatelieren festgehale gëtt datt d’Integralitéit vum Reewaasser an deene bestehenden an deenen neien Gebailechkeeten opgefaange muss ginn fir dann engersäits fir d’Bewässerung vum Bongert an dem Kraiderguart genotzt ze ginn, an anerersäits di punktuell Iwwerschëss dësem neie Weier kënnen zougefouert ginn.

 

 

Copyright Photo: Administration Communale de Schifflange

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :