Rucksakbibliothéik 2020

Home News Beiträge Rucksakbibliothéik 2020
Rucksakbibliothéik 2020

Rucksakbibliothéik 2020

Download 03 Februar 2020

Der sidd Enseignant am Cycle 1-4 an Dir wëllt de Kanner aner Kulture méi no bréngen an si zum Liese motivéieren? Dann ass eis Rucksakbibliothéik dat Richtegt fir Iech an Är Klasse!

Vu Februar bis Juni wäerten nees Rucksäck gefëllt mat Geschichten aus anere Kulturen an Erzielunge vu Kanner aus anere Länner vu Klasse zu Klasse reesen. D’Ziel besteet doranner datt d’Kanner eis Welt unhand vu Bicher kenneléieren a virun allem de Spaass um Liese fannen.

Fir d’Editioun 2020 hunn mir d’Kannerbuchautorin Eymard Toledo invitéiert. Si wäert Mëtt Juni fir eng Woch op Lëtzebuerg kommen a Liesungen a Collage-Workshops duerchféieren.D’Unzuel u Liesungen a Workshops ass limitéiert an dowéinst och just fir Klasse méiglech, déi un der Rucksakbibliothéik deelhuelen.

 

Aschreiwe kënnte Dir Iech nach bis de 14ten Februar 2020 per Mail (citim@astm.lu) oder per Telefon (+352 400 427-31).

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :