D’Gemeng Schëtter engagéiert sech fir de Klimaschutz. Dofir si 4 Krunnewaasserspender fir d’Personal, d’Visiteure vun der Gemeng an d’Notzer vun der neier Sportshal installéiert ginn. Zum Deel kennen d’Spender och Spruddelwaasser liwweren. D’Waasser gëtt reegelméisseg vun engem onofhängege Labo kontrolléiert. Et ass filtréiert a ka gekillt oder temperéiert gedronk ginn. D’Léit kennen sech gratis zerwéieren.
Desweidere verzicht d’Gemeng drop weiderhin Drénkwaasser a Fläscheform anzekafen. An der Schoul an an der Maison Relais gëtt och exklusiv Krunnewaasser gedronk. Dës Mesure reduzéiert den Energieverbrauch, de Ressourcëverbrauch, de Waasserverbrauch, d’Schuedstoffemissiounen, de Kaméidi, d’Infrastrukturbelaaschtung an d’Ëmweltbelaaschtung déi verursaacht gi beim Fëllen, dem Transport, der Lagerung an der Entsuergung vu Fläschen. Si huet och ee positiven Impakt op de Budget.
Bei Bedarf gi weider Krunnewaasserspender fir an d’Gemengegebaier ugeschaaft.
Iwwregens kennt d’Waasser an de Schëtter Leitungen zu iwwer 2/3 aus den eegene Quellen am Birelergronn. D’Krunnewaasser ass domat e lokaalt Produkt a gëtt iwwer d’Drénkwaasserleitung bis heem geliwwert.
Drénkwaasser aus dem Krunn: vu gudder Qualitéit, kontrolléiert an nohalteg.
Copyright Foto: Fotoclub Schëtter