De Filmfestival AlimenTERRE leeft tëscht dem 6. November an dem 6. Dezember fir déi éischt Editioun zu Lëtzebuerg.
Gemengen déi bis elo eng Projektioun geplangt hu si Beetebuerg, Biekerech, Esch- Uelzecht, Ettelbréck, Jonglënster, Schëffleng an d‘Stad Lëtzebuerg.
D‘Klima-Bündnis Koordinatioun huet aus de fënnef méigleche Filmer der zwee erausgesicht fir an de KBL-Gemengen ze weisen: „The last Seed“ an „Les maux de l’alimentation“.
Wann Dir interesséiert sidd, fir ee vun deene Filmer och an ärer Gemeng ze weisen, da mëllt Iech bei eis. D’ASTM kann an ärer Gemeng de Film mat engem Debat encadréieren a gezielt op d’Nord-Süd Aspekter agoen.
Den Agenda vun de Projectiounen an Informatiounen zu de Filmer fannt Dir op: https://festivalalimenterre.lu