Differdingen und Sassenheim sprechen sich klar gegen geplante Steinwolle-Fabrik aus!

Home News Beiträge Differdingen und Sassenheim sprechen sich klar gegen geplante Steinwolle-Fabrik aus!
Differdingen und Sassenheim sprechen sich klar gegen geplante Steinwolle-Fabrik aus!

Differdingen und Sassenheim sprechen sich klar gegen geplante Steinwolle-Fabrik aus!

A.C. Differdange & Sanem Aus der Praxis 07 Februar 2018

Die Gemeinden Sassenheim und Differdingen haben sich auf einer rezenten, gemeinsamen Pressekonferenz gegen die geplante Fabrik zur Produktion von Steinwolle in der Industriezone Paafewee ausgesprochen. Zudem erhoben sie grosse Bedenken gegen eine neue Bauschuttdeponie auf dem alten „Crassier“ in Differdingen. Da die kommunalen Bedenken gegen die Steinwollefabrik vor allem auf Energie- und Klimaschutzaspekten fundieren, hier der entsprechende Auszug aus dem Pressedossier!

 

STEEWOLLFABRIK (Firma Knauf Insulation sprl)

  1. Energie a Klimaschutz
  • Fir 110.000 Tonne Steewoll pro Joer ze produzéieren gëtt vum Hiersteller den Energieverbrauch op 236 GWh geschätzt. Dës Quantitéit Energie entsprécht ongeféier ¾ vum Konsum (Elektresch a Gas zesumme) vun der Stad Déifferdéng. D’Steewollfabrik hätt also en ähnlechen Energieverbrauch wéi ca 25.000 Awunner.
  • 90 % vun der Energie gëtt iwwer Kuel (58 %) an Erdgas (32 %) gedeckt, also fossil Brennstoffer, di aner 10% si Stroum. D’Méigelechkeet en Deel vun der Energie iwwer erneierbar Quellen ze décken, gëtt am 238-Säite starken Dossier nët thematiséiert.
  • Op der Basis vum Emissiounsrechner vum Klimapakt entsprecht den Energieverbrauch vun der Steewollfabrik CO2-Emissioune vun ca 94.000 Tonne pro Joer. Dat ass den Ausstouss vun ca 71.000 Autoen, déi 10.000 km fueren (Rechebasis : 132 g CO2/km)

 

  1. Loftqualitéit
  • D’Emissioune vu Stëckstoffoxyde (NOx) gi vu Knauf op 80.000 kg pro Joer geschätzt. Dës Quantitéit entsprécht ca 265.000 Autoen, déi 10.000 km fueren.
  • Dobäi komme nach aner Schuedstoffer an d’Loft, an zwar ausgesprache Reizgaser : Schwiefeloxyden (SOx) mat engem geschätze Maximum vun 280.000 kg am Joer an Ammoniak mat 180.000 kg am Joer. Pro Dag wéieren dat ca 750 kg SOx a 500 kg Ammoniak. Zu de gasförmegen Emissiounen komme nach Feststoffer a Form vu Steewollfasere mat enger maximal geschätzter Joresfracht vun 135.000 kg.

 

  1. Transport
  • Esou wuel d’Ausgangsmaterial, also Basalt-Stäng wéi och d’Kuel an d’Produktioun ginn exklusiv iwwert d’Strooss transportéiert. Trotz enger Verkéierssituatioun, déi der Sättegung no ass, ginn di 84 geplangten Camions-Bewegunge pro Dag als eng vernoléissegbar Zousaatzbelaschtung gewert, also no der Logik, dass jidderee fir sech därf an Usproch huelen, en onbedeitende Bäitrag um Verkéierschaos ze leeschten. Dobäi féiert d’Schinnenetz bis an d’Industriezone Paafewee eran. Dat gëtt och am Dossier kloer gesot, d’Optioun vun enger Ubannung awer mat wéineg iwwerzeegenden Argumenter verworf.

 

  1. Offall
  • Fir den Industrie-Offall gëtt et weder zu Lëtzebuerg nach an der Groussregioun eng gëeegent Deponie. D’Léisung wéier den Offall – no den Informatiounen am Dossier bis zu 4.000 Tonnen am Joer – erëm ze exportéieren, an zwar quier duerch Däitschland bis an d’Géigend vu Leipzig !

 

Eis Positioun

Di béid betraffe Geménge Suessem a Déifferdéng kënnen a wëllen dëse Projet vun enger Steewollfabrik nët ënnerstëtzen. Ka vun enger zukunftsweisender Technologie riets goen, wann 110.000 Tonne Sténg pro Joer mat fossile Brennstoffer op 1.400 °C gehëtzt ginn … an dat fir Isolatiounsmaterial hierzestellen ? Ass et nohalteg an akzeptabel e Wierk mat esou héige Schuedstoffemissiounen an d’Loft mëtten an e scho virbelaaschtend Wunngebidd ze sëtzen mat Risiken fir d’Gesondheed an d’Wuelbefanne vu ville Mënschen ? Misste grouss Betrieber sech nët an der Pflicht spieren hir Energie-, Transport- an Offallpolitik minimal den Ufuerderungen vun der Zäit no opzestëllen, zumol bei engem neie Wierk ? All di Themen weisen, dass dës Steewollfabrik nët kompatibel ass mam Rifkin-Prozess a konträr zu den Engagementer am Klimapakt. Lëtzebuerg ass am europäesche Vergläich (no EuroStat) Schlussliicht bei den erneierbaren Energien. An eléng fir d’Energie vun dësem Wierk auszegläichen bräichte mer ca 40 nei Wandrieder !

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :