D’Kantin vun der Maison Relais aus der Gemeng Schëtter huet de Label “Sou schmaacht Lëtzebuerg” kritt

Home News Beiträge D’Kantin vun der Maison Relais aus der Gemeng Schëtter huet de Label “Sou schmaacht Lëtzebuerg” kritt
D’Kantin vun der Maison Relais aus der Gemeng Schëtter huet de Label “Sou schmaacht Lëtzebuerg” kritt

D’Kantin vun der Maison Relais aus der Gemeng Schëtter huet de Label “Sou schmaacht Lëtzebuerg” kritt

Aus der Praxis 27 Oktober 2020

D’Gemeng Schëtter setzt sech fir eng regional Produktioun vu Liewensmëttelen an. De Kanner gi reegelméisseg Platen mat garantéiert héichwäertege Produiten aus eiser Regioun ugebueden a gekennzeechent. Si ginn esou fir déi regional Produite sensibiliséiert.

Dofir ass der Kantin vun der Maison Relais den 27. Oktober 2020 de Label “Sou schmaacht Lëtzebuerg” vun der Landwirtschaftskummer iwwerreecht ginn.

    Net nëmmen de CO2-Foussofdrock vun der Kantin geet erof, mee et ginn och wäertvoll Aarbechtsplazen an eiser Regioun an eiser Kulturlandschaft ënnerstëtzt.

Mir drécken der Equipe vun der Maison Relais, dem Bedreiwer vun der Maison Relais (Caritas Jeunes et familles asbl) an dem Bedreiwer vun der Kiche vun der Maison Relais (Dussmann Catering S. à r.l.) ee grousse Merci aus, dass si mat eis op dee Wee ginn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :