D’Gemeng Schëtter huet nei Subside fir privat Elektrobornen a Vëloen agefouert fir eng méi nohalteg Mobilitéit vun eisen Awunner ze ënnerstëtzen.
D’Elektrobornë gi mat 50% vum staatleche Subside ënnerstëtzt mat folgende maximale Montanten:
- 375 € fir eng einfach Elektroborne;
- 600 € fir eng intelligent Elektroborne (mat dem OCPP-Protokoll);
- 825 € fir eng intelligent Elektroborne (mat dem OCPP-Protokoll) déi an ee kollektiven intelligente Gestiounssystem agebonnen ass.
D’Vëloen an d’Elektrovëloe ginn och mat 50% vu staatleche Subside ënnerstëtzt mat engem maximale Montant vun 300 €. De Subside kann nëmmen all 10 Joer ugefrot ginn a gëllt och nëmme fir maximal 2 Vëloe pro Stot.
D’Demande muss spéitstens no engem Joer nodeems een dee staatleche Subside accordéiert krut, mam Formulaire deen op eisem Internetsite https://www.schuttrange.lu/citoyens/subventions steet, gemaach ginn. Als Annexe muss den Accord vum staatleche Subside dobäi leien.
Foto copyright myenergy