Ëmweltwochen Gemeng Suessem 2015 – Klimaschutz an eiser Gemeng

Home News Beiträge Ëmweltwochen Gemeng Suessem 2015 – Klimaschutz an eiser Gemeng
Ëmweltwochen Gemeng Suessem 2015 – Klimaschutz an eiser Gemeng

Ëmweltwochen Gemeng Suessem 2015 – Klimaschutz an eiser Gemeng

David Hengen, Service écologique, Sanem Aus der Praxis 7 Dezember 2015

D’Ëmweltwochen 2015 waren vum 23.11 bis den 02.12 am Artikuss zu Zolver. Um Programm stoungen och dëst Joer erëm Aktivitéiten, Ausstellungen an Informatiounen fir Grouss a Kleng. Nei war de Familljendag, wou e.a. e vegane Brunch, eng Spillsaachentauschbörse a Bastelatelier’en vill Leit ugezunn hunn.

De Poppentheater Hoplabum mam Stéck „De Marsmännchen“ huet eise Klengste gewisen, firwat et wichteg ass keen Dréck op de Buedem ze geheien.

De Klimadësch vum CAPEL huet den Afloss vu jidderengem op d’Klima opgewisen. Vill Kanner hu sech un der Spillsaachentauschbörse bedeelegt an esou CO2 agespuert. Verschidden Info Stänn hu gewisen, wei lokale Klimaschutz méiglech ass, z.B. an deem en Täschen oder och Zännpasta selwer mëscht

 

Zukunftsworkshop – Eis Gemeng : klimaneutral 2030?

Am Kader vum Familljendag gouf en Zukunftsworkshop an Zesummenaarbecht mam CELL ugebueden. Ziel war et Ideeën a Visiounen ze sammelen, déi de Wee zu enger nohalteger a klimaneutraler Liewensweis opweisen.

Dëse Workshop ass als 1. Approche, fir d ‘Bierger un der Klimapolitik vun der Gemeng ze bedeelegen unzegesinn. An enger 2. Phase ginn konkret Aktiounen definéiert, déi et da gelt zesummen ëmzesetzen. Éischt Aktiounen 2016 sinn d ‘Ausschaffen vun engem Masterplang “Nohalteg Gäertneren an der Gemeng” an de Cyle de formation pour jardiniers, zesummen organiséiert mam Klima-Bündnis Lëtzebeuerg an dem CELL.

Fir weider Infoen zu eisem Konzept, steet den Ëmwelt Büro vun der Gemeng Suessem gären zur Verfügung: service.ecologie@sanem.lu

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :