Den 11. Mäerz war et esouwäit, d’Gemeng Betzder hat a Collaboratioun mam CELL hir Biergerinnen a Bierger op en Online Filmowend mat dem Film “ENG ÄERD” vum Tom Alesch invitéiert.
2017 gouf et zu Betzder och schonns ee Filmowend mat der Projektioun vun “Demain”. De Film “ENG ÄERD” ass gewëssermoossen déi Lëtzebuergesch Versioun, wou aus dem ganze Land eng gutt 19 interessant Initiativen illustréiert sinn, déi sech fir eng besser Welt asetzen.
Uschléissend nom Film gouf et dunn eng Diskussiounsronn, wou beschwat ginn ass wat een bei eis am Raum vun de Gemenge Betzder, Biwer a Manternach nach alles ënnerhuele kéint bezüglech der Nohaltegkeet. Wéi ënnert anerem koume vill positiv Ureegungen, Initiativen an déi deementspriechend Ënnerstëtzungen zur Usprooch wou an der Zukunft ëmgesat sollen a kéinte ginn.