Europäesch Mobilitéitswoch Nidderaanwen 16.9.2021-22.9.2021

Home News Beiträge Europäesch Mobilitéitswoch Nidderaanwen 16.9.2021-22.9.2021
Europäesch Mobilitéitswoch Nidderaanwen 16.9.2021-22.9.2021

Europäesch Mobilitéitswoch Nidderaanwen 16.9.2021-22.9.2021

Kevin Becker, A.C. Niederanven - Copyright Photo A.C. Niederanven Unkategorisiert 19 September 2021

Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéiswoch eng sëlleg Aktiounen zu Nidderaanwen stattfonnt. D’ Mobilitéitswoch huet de 16.9 mat enger Konferenz vum Dr. Georg Wendt, Torax-, Häerz-a Gefäeßchirurg e.r. zum Thema “Beweeg dech, a bleif gesond” am Centre polyvalente “A Schommesch” ugefaangen. Viru 25 interesséierten Nolauschterer huet den Dr. Wendt de positiven Afloss vun der Beweegung op d’ Gesondheet erkläert.

Als Héichpunkt vun der Mobilitéitswoch stoung Sonndeg den 19.9 eng 7 verschidde Parcourse mat Start an Arrivée bei der Sportshal “Am Sand” zu Ueweraanwen um Plang. Déi 7 Parcourse si vun de Memberen aus der Ëmweltkommissioun begleet ginn. Vir de Mountainbike an de Coursevëlo ware jeeweils ee kuerzen an ee laangen Tour ausgeschëldert. Déi 2 laang Tier sinn duerch déi verschidden Uertschafte vun der Gemeng an iwwer déi nei Vëlosverbindungen zu de Gemenge Schëtter a Betzder gefouert. Des Weidere gouf ee klenge Vëlostour vu 5,5km fir Kanner, vum Kim Kirchen begleet. Fir sämtlech Bierger unzespriechen, sinn niewent de Vëlostier och een Trëppeltour an een Tour am Rollstull bzw. mat Rollator vun de Bewunner vum CIPA Gréngewald organiséiert ginn. Virun an No de Vëlostier hate Cyclisten d’ Méiglechkeet hire Vëlo vun 2 Responsabelen vum Trisport richteg ajustéieren ze loossen. Un engem sonnegen Dag hunn iwwer 100 Participanten dozou bäigedroen, dass dës Aktioun zu engem vollen Erfolleg gefouert huet. Als flotten Ofschloss hunn Participanten Tomatenzopp an Äppeltaart aus net verkafbare Liewensmëttel als kleng Stäerkung offréiert kritt.

Méindeg den 20.9 gouf zesumme mat den Häre Wilmes a Bauer aus dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, déi nei Vél’OH!-Statioun bei der Sportshal “Am Sand” zu Ueweraanwen ageweit. Zesumme mat der neier Vél’OH!-Statioun beim Waassertuerm zu Sennengerbierg ass d’ Gemeng Nidderaanwen lo offiziell un de Vél’OH!-Réseau vun der Stad Lëtzebuerg ugebonnen.

Wärend der ganzer Woch ass eng 4. Pedibus-Linn aus dem Quartier “Mielstrachen” fir d’ Schoulkanner getest ginn. Opgrond vun dem groussen Erfolleg vun dëser Pedibus-Linn ass d‘ Gemeng Nidderaanwen zesumme mat der Maison Relais a Planunge fir dës Linn an Zukunft fest an de Schülertransport ze integréieren.

Ebenfalls ass iwwer déi ganz Woch een Online Froekatalog publizéiert ginn, an deem d’ Bierger fir Suggestiounen a Kriticke bezüglech der mobilité douce ugereegt gi sinn. De Froekatalog huet an 20 Froen de Bierger hier Mobilitéitsverhalen, sou wéi d’ Verkéierssituatioun an der Gemeng ënnert Lupp geholl. Eng 75 Bierger hunn de Froekatalog beäntwert a konnte soumat hir Ureegungen an d’ Mobilitéitskonzept 2035 vun der Gemeng Nidderaanwen mat afléisse loossen. No Analys vun de Froekataloge bleift festzehalen, dass den Ausbau vum Vëlos- an Foussgängernetz um richtege Wee ass. Allerdéngs hunn mir och misste konstatéieren, dass opgrond vun den Ännerungen um RGTR-Netz eng Villzuel vun de Bierger den ëffentlechen Transport lo manner notzen.

D’ Ëmweltkommissioun freet sech op d’ Ausaarbechtung vun der europäescher Mobilitéitswoch 2022 an op ee genau sou groussen Erfolleg.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :