Ufank September ass déi al Flutliichtanlag, fir déi et keng Ersatzdeeler méi gi sinn, um Futtballsterrain zu Minsbech duerch eng nei LED-Flutliichtanlag ersat ginn. Duerch dës Mesure gëtt den Terrain méi hell a gläichméisseg beliicht, an an engems de Stroumverbrauch an d’Liichtverschmotzung an der Ëmgéigend reduzéiert.
Déi nei Installatioun huet eng Gesamtleeschtung vu 35304 Watt (virdun 40000 Watt) a ka gedimmt ginn, woubäi den Energieverbrauch däitlech reduzéiert gëtt. Dëse Projet ass mat 25% vum Sportsministère a mat 13% vum Ëmweltministère ënnerstëtzt ginn.