Service écologique am Norde vum Land

Home News Beiträge Service écologique am Norde vum Land
Service écologique am Norde vum Land

Service écologique am Norde vum Land

Charel Kass, Responsabelen vum neie Service écologique Ettelbruck 13 Oktober 2020

Fir de ville klima- an ëmwelttechneschen Erausfuerderunge gerecht ze ginn, huet d’Gemeng Ettelbréck decidéiert, als eng vun den éischte Gemeng am Norde vu Lëtzebuerg, een eegene Service écologique opzemaachen.

Dëse Service ass den 1.10.2020 offiziell opgaangen. De Aufgabeberäich ass ganz villsäiteg.

Ënner anerem soll de Service

  • eng Ulafstell fir d’Bierger vun der Gemeng bei Froen oder Umierkungen an de Beräicher Ëmwelt an Energie sinn,
  • pedagogesch Aktivitéite mat de Schoulen organiséieren,
  • Projete mat de Bierger vun der Gemeng (z.B. de Gemeinschaftsgaart) plangen,
  • an de Klimapakt- a Klimabündnisgruppen aktiv sinn,
  • an de Fair Trade weider fërderen.

Zesumme mat dem Schäffen- a Gemengerot an den anere Servicer vun der Gemeng mécht den neie Service écologique säi Bescht fir déi bestoend an zukünfteg Klima- an Ëmweltproblemer an de Grëff ze kréien.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :