Eng Roadmap fir eng sozial-ekologesch Transitioun – Fir demokratesch, lieweg a nohalteg Gemengen

Home News Beiträge Eng Roadmap fir eng sozial-ekologesch Transitioun – Fir demokratesch, lieweg a nohalteg Gemengen
Eng Roadmap fir eng sozial-ekologesch Transitioun – Fir demokratesch, lieweg a nohalteg Gemengen

Eng Roadmap fir eng sozial-ekologesch Transitioun – Fir demokratesch, lieweg a nohalteg Gemengen

Mouvement Ecologique Gemeinden 28 Februar 2023

Am Kader vun de Gemengewalen huet de Mouvement Ecologique eng 152-säiteg Publikatioun mam Titel: „Fir demokratesch,lieweg a nohalteg Gemengen – Eng Roadmap fir eng sozial-ekologesch Transitioun“, verëffentlecht.

Des Roadmap huet den Usproch déi Interesséiert vun de Gemengen (Kandidat:inne fir d’Walen, Gemengeverantwortlech, Techniker:innen, Membere vun de berodende Kommissiounen, engagéiert Bierger:innen) – iwwer d’Walen eraus – konkret Unhaltspunkte fir eng demokratesch, lieweg an nohalteg Gemengepolitik ze liwweren.

Dat an de Beräicher:

  • Demokratie                                                                    
  • Finanzen
  • Siidlungsentwécklung                                                   
  • Ëmwelt- a Ressourceschutz
  • Natur a Landschaft erhalen a schützen                       
  • Waasser als Liewesquell
  • Bësch                                                                             
  • Gesondheetsfërderung
  • Energie a Klima                                                             
  • Schoul a „maison relais“ fir d’Gesellschaft opmaachen                                   
  • Regional Wirtschaft                                                       
  • Nord-Süd Politik

Dir fannt d’Publikatioun online op www.meco.lu (och a franséischer Versioun) oder kennt se an Drockformat bestellen duerch Iwwerweisen vun 15.- Euro fir een Exemplar (inkl. Porto) op CCP  LU16 1111 0392 1729 0000 oder BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 an 12.-Euro ab 15 Exemplaren.

Bestelle kennt Dir via Email: meco@oeko.lu.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :