Europäesch Mobilitéitswoch zu Nidderaanwen

Home News Beiträge Europäesch Mobilitéitswoch zu Nidderaanwen
Europäesch Mobilitéitswoch zu Nidderaanwen

Europäesch Mobilitéitswoch zu Nidderaanwen

Text & Foto Copyright AC Nidderaanwen Aus der Praxis 25 Oktober 2023

Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch eng sëlleg Aktiounen an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt. Gestart gouf Sonndeg de 17.9, wou wéi all Joer verschidden Tier fir de Mountainbike, Coursevëlo, Foussgänger, Rollstullfuerer and’ Kanner duerch d’ Gemeng vun der Ëmweltkommissioun geleet gi sinn. Zum Ofschloss konnten d’ Bierger am Kader vum Sunday Brunch vun der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewe beim Kulturhaus ee Patt drénken an ee Maufel iessen.

Mëttwochs huet de Schäfferot de Kanner vum PEDIBUS Kappe mat de neie Maskottchen drop als Cadeau verdeelt

Als Ofschloss vun der Mobilitéitswoch hunn d’ Memberen aus dem Gemengen- a Schäfferot Freides den 22.9 op verschiddene Busarrêten un d’ Notzer vum ëffentlechen Transport eng 250 Croissante mat Fairtrade-Schockela verdeelt hunn.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :