Säit dem September 2023 sinn op dräi verschidde Plazen an der Gemeng Nidderaanwen Drénkwaasserspender fir Waasser direkt vum Krunn ze drénken, installéiert. Do kann een entweder säi Bidon opfëllen oder praktescherweis direkt vun der Fontaine drénken. Dës Fontainen sollen de Genoss vum Leitungswaasser promovéieren a soumat dozou bäidroe fir d’ Notzung vu Waasser aus Plastiksfläschen ze reduzéieren.
Dir fannt d’Waasserspenderen zu Ueweraanwen bei der grousser Spillplaz vum Parc de l’Europe, zu Senneng niewent dem Mini-Stade vum Jugendhaus an um Sennengerbierg bei der Entrée vum Gréngewald virum Scout’s Home.
Der Ëmwelt zu Léift, biede mir Iech net verschwenderesch mat dëser wäertvoller Ressource ëmzegoen.